AccueilActualitéValeursMédiathèqueContactAgendaRéseau
Vous etês ici:



Den SEW/OGBL, d’FGIL, d’Ligue de l’Enseignement an de Landesverband

invitéieren op hir Table ronde:

D'Parteie bekenne Faarw zur Schoulpolitik


den 5. Oktober 2018 ëm 19.30 Auer

Casino Syndical zu Bouneweg

63, rue de Bonnevoie

Luxembourg





D’Schoullandschaft huet sech an de leschte Joeren duerch vill Reformen enorm verännert.

Ass d’Schoul um richtege Wee fir eis Kanner op d’Zukunft virzebereden
an hinnen d’Wëssen an d’Wäerter ze vermëttelen
eng gerecht an nohalteg Gesellschaft ze gestalten an ze liewen?

Wat sinn d’Virstellungen an d’Propositioune vun de politesche Parteien?


Mir invitéieren d’Politiker Stellung ze huelen.

D’Diskussioun gëtt ënnerdeelt an 3 grouss Themebléck:


Liberaliséierung a Gestioun vun der Schoul

New Public Management an der ëffentlecher Schoul
Autonomie vun de Schoulen
Diversifikatioun vu der Schouloffer / Spezialisatioun vun de Filièren
Cogestiounsmodell
Penurie a Formatioun vun den Enseignanten


Ziler vun der ëffentlecher Schoul a Sproochenunterrecht

Eng Formatioun orientéiert op Employabilitéit an Demande vum Aarbechtsmarché versus Allgemengbildung fir jiddereen
Roll vun der Digitalisatioun
De Choix vun de Sproochen an hiren Impakt


Gewalt an der Schoul 

Mobbing
Verhalenskreativ Kanner
Autoritéit vun der Schoul
Roll vun den Elteren


Fir d’Diskussioun ofzeschléissen äntwerten d’Politiker och op äer Froen.

No der Table Ronde offréiert d’FGIL e Patt an eng kleng Stäerkung
home | print version
last site update: 18/01/2022 @ 10:35:51
olefa banner
Tout contenu © 2024 La Ligue de l'Enseignement